De Fernando Andreu, Chef vum Mount Abrëll 2022

04/04/2022

De Fernando Andreu, Chef vum Restaurant "Bosqué Fevi" zu Esch, preparéiert een traditionellt spuenescht Rezept.

« Croquetas » aus Spinatssprossen, Crevettecarpaccio a kandéiert Jalapeños, Mierréidech a rout Rommelsvinaigrette

Ingredienten:
Rengt Salz
Maldonsalz oder Salzflacken (sel en flocons)
Peffer aus der Millen
1 Jalapeños ( wien et manner schaarf wëll hunn, kann e roude Poivron huelen)
400gr réi rout Crevetten oder Famero Rosso oder Langustinnen (jee no Geschmaach)
30gr Botter
60gr Miel
100gr Panko
100gr Panéiermiel
3 Eeër
140gr Mieréidech (fäerdeg preparéiert)
25cl Zitrounejus
40cl rout Rommelsjus
40cl Waasser
300ml Ram 33%
400gr Spinatssprossen
1 Knuewelekszéif
3gr Gelatinn (+- 1 ½ Blieder, hänkt vum Hiersteller of)
1 Liter Olivenueleg fir ze frittéieren ( et kann een och Sonneblummenueleg huelen)
Zalots- oder Kresssprossen

D‘ Krevetten "Gamberro Rosso" kommen ursprénglech aus Sizilien an hunn eng intensiv iod Säit. D'Krockett ass frittéiert an huet och eng salzeg Säit, also braucht Dir e frësche Wäin mat Perséinlechkeet.

Etna Bianco 2020 Tenuta delle Terre Nere
Präis : 16,30€ TTC
Biologesch
https://www.wengler.lu/product/etna-bianco-3/

Mir proposéieren e regionalen Accord, e frëschen an intensive Wäin aus engem vulkaneschen Territoire, deen perfekt bei d’Personalitéit vum Gamberro Rosso passt!

PREVIEW